Grousse Fan vu Science Fiction-Geschichten, huet den Hugo Gernsback sech e Liewe laang fir dëse Genre agesat, sief et als Editeur oder och Auteur. Den Hugo Gernsback, 1884 zu Bouneweg gebuer, huet d'Wuert Science Fictioun erfonnt. No der Auswanderung an d'USA 1904, grënnt hien ënnert anerem d'Zeitung "Amazing Stories", den éischte Magazin, dee sech exklusiv mat dësem literaresche Genre ausenanersetzt. D'Martine Reuter mat Hannergrënn.