Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg an donieft Co-Fondateur vu BlocHome. Den Tom Kettels ass Project Leader vun der asbl Infrachain, déi den Developpement vun der Blockchain operationell soll virubréngen. Den Affekot Jeff Braun beréit am Beräich Crypto a Web3 Blockchain Projeten an ass Co-Fondateur vun der asbl LëtzBlock.Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.
Podchaser is the ultimate destination for podcast data, search, and discovery. Learn More