Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréiert.Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
Podchaser is the ultimate destination for podcast data, search, and discovery. Learn More