Am Podcast vun der Santé informéieren mir Iech all Woch zu Themen a Relatioun mat der Pandemie an iwwert de Large Scale Testing. Dir lauschtert eis no, mee mir lauschteren awer natierlech och Iech no a mir héieren, dass Dir eis ganz vill Froe stellt. Fir méiglechst vill vun dëse Froen ze beäntweren, bidde mir Iech des Woch eng Podcast Episod mam Virolog a strategesche Koordinator vun der Gesondheetsdirektioun Dr. Thomas Dentzer, wou mir op verschidden Themen aginn, déi den Ament aktuell sinn: et geet em déi verschidden disponibel Impfstoffer, em Impfstoffer déi geschwënn wäerten disponibel sinn, Masken, Aerosole mee awer och em de Verlaf vun der Pandemie selwer.
Podchaser is the ultimate destination for podcast data, search, and discovery. Learn More