Hien ass en Acteur, dee sech wéi der net vill och kierperlech kënne veränneren, e Charakterkapp wéi een och gäre seet. A dofir sti sécher dräi Rollen aus der leschter Zäit. Wéi am Jaco van Dormael sengem Film "Le tout nouveau Testament" mat an der Haaptroll dem belge Komiker Benoit Poelvoorde an der Grousser Catherine Deneuve, an dësem Film huet hien de Victor, de Clochard gespillt mat Vollbart a laangen Hoer. Oder viru kuerzem an de Myriam Muller hirer Mise en scène vum "Rumpelstilzchen". Oder am Andy Bausch sengem Film "Rusty Boys" wou hien de Fons an der "Altergang" gespillt huet. E Liewen als Berufsschauspiller ass de Wee, deen de Marco Lorenzini gewielt huet. Vum Koméidistéck bis bei Charakterrollen, hien deckt déi ganz Palett of. Wéi war an ass et, fir als professionellen Acteur zu Lëtzebuerg iwwer d'Ronnen ze kommen? Géif hien dee Wee nach eemol goen? Wéi gesäit hien den Theater zu Lëtzebuerg? A wat ware seng schéinst Amenter op der Bühn oder virun der Kamera? Dat si Froen, op déi de Marco Lorenzini an der Emissioun Riicht Eraus dem Jean Claude Majerus Äntwerte gëtt.