Claude
#liesenassgesond: eng Initiativ vum Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la JeunesseLiesen huet nach ni engem geschuet a mir liesen den Dag iwwer méi wéi mir mengen, mä maach et mol bewosst! Hues du eng Liiblingsserie? Liiblingsfilm? Déi baséieren zum gudden Deel op Bicher, kee Witz! Och Game of Thrones. Drama, Science Fiction, Thriller, Krimi, Tragedie oder Gedichter ass net alles. Et ginn och Zeitungen, Magasinner, Héierbicher, Podcasts, Sachbicher. Vill vun iech hunn nach d’Bicher aus der Schoul am Kapp iwwert déi méi oder manner erfollegräich Prüfunge geschriwwe goufen, mä liese besteet aus souvill méi. Wann s du iergendwou an d’Vakanz gees, informéiers du dech do net och iwwert déi Plaz wou s du higees? Richteg, du lies eppes driwwer. Dëse Projet ass do fir d’Liesen an de Mëttelpunkt ze stellen, well #liesenassgesond. Am Kader vun dëser Campagne sinn och Podcasten gemaach ginn mat Invitéeën aus verschidde Beräicher. Neier kommen a reegelméissegen Ofstänn dobäit. Genéisst ët.