„Zweefalt“ ass een Talkshow-Podcast op Lëtzebuergesch an deem prioritär d’Themen Gaming, Iessen/Drénken an Musek behandelt ginn.Den Presentateur Sacha Galgon leet dobäi den Schwéierpunkt op interessant Invitéen, déi eng gewëssen Expertise zum jeeweilegen Sujet hunn.Meeschtens handelt et sech dobäi em Léit aus dem alldeeglechen Liewen, déi oft fir d’éischte Kéier virum Mikro setzen.An engem Gespréich an labberer Atmosphäre schwätzt dann zum Beispill een Drummer vun senger Band mee och vun sengem Faible fir Whisky, während een Online-Poker Enthusiast eis seng Lieblings-Béieren verréit.Den Numm „Zweefalt“ ass een Wuertspill op d’Wuert Eefalt an op den Fait, dass ëmmer zwee Léit an der Emissioun setzen. Een Eefalt sinn heescht, simpel an einfach ze sinn. „Zweefalt“ déit op den Géigendeel hin: d’Invitéen sinn oft an méi ewéi just engem Thema bewandert an hunn heiansdo méi interessant Saachen ze zielen ewéi een op den éischten Bléck géif mengen.
Show More
Creators & Guests
We don't know anything about the creators of this podcast yet. You can so they can be credited for this and other podcasts.